E neie Bléck op d'Lëtzebuerger Geschicht
E neie Bléck op d'Lëtzebuerger Geschicht
E neie Bléck op d'Lëtzebuerger Geschicht

Event date

22 November

Time

16h30

Language(s)

L

Max. participants

50

Déi 12 Konferenzen versichen ënnert dem Titel “E neie Bléck op d’Lëtzebuerger Geschicht” an enger metanationaler Perspektiv an d’Geschicht vu Lëtzebuerg vun der Virgeschicht bis an d’21. Jorhonnert anzeféieren.

Vun der Vir- a Fréigeschicht, der keltescher an der gallo-réimescher Epoch, dem Willibrord an dem Sigfrid, dem Entstoe vun enger Grofschaft, dem Ausgräife nom réimesche Keesertroun an der béimescher Kinnekskroun, de burgundeschen an habsburgeschen Herrscher bis bei d’Hexeverfolgungen a de Mariekult, d’Entstoe vun engem eegestännege Staat, déi wirtschaftlech Entwécklung am 19., 20. an 21. Jorhonnert, den 1. an den 2. Weltkrich, d’Integratioun an Europa, déi demographesch an déi kulturell Entwécklung am spéiden 20. a fréien 21. Jorhonnert: d’Geschicht vun deem Raum, deen haut Lëtzebuerg heescht, ass net ze verstoen ouni Bléck op dat wat ronderëm an a ganz Europa geschitt.

D’Konferenzen a Lëtzebuerger Sprooch riichten sech u jiddereen, deen Interessi fir d’Lëtzebuerger Stad- a Landesgeschicht huet. Wee wëllt, ka sech mat engem vun dësen zwee Bicher virbreeden:
Michel Pauly, Geschichte Luxemburgs (Reihe C.H. Beck Wissen 2732), Beck Verlag, München 20132, 128 S.
Michel Pauly, Histoire du Luxembourg (coll. Références 31), Editions de l’Université de Bruxelles, Bruxelles 20172, 152 p.

Am Détail:

4.10.2017
Vum Loschbur op d’Schengerwiss: Wat soen ons déi eelst mënschlech Schanken déi zu Reiland-Loschbur fonnt goufen? Wéi hunn déi éischt Bauere gelieft deenen hir Heiser op der Schengerwiss stongen?
25.10.2017
Vum Tëtelbierg op Duelem: Wéi hunn d’Kelten d’Réimer kennegeléiert? Watfereng kulturell Mëschung ass dobäi entstan?
8.11.2017
Aus Irland op Iechternach: Watfereng kulturell a reliéis Bedeitung hat d’Abtei Iechternach am fréie Mëttelalter fir Europa? Wéi kann een déi erkennen?
22.11.2017
Vum Sigfrid bei d’Ermesinde: Wéi koum et dass sech ronderëm eng kleng Buerg eng Stad forméiert huet an dass doriwwer eraus eng Grofschaft entstanen ass?
6.12.2017
Vu Lëtzebuerg iwwert Paräis a Prag op Roum: Wéisou goufen d’Grofe vu Lëtzebuerg Keeser am réimesch-däitsche Räich? Watfereng Roll hunn si an Europa gespillt? Watfer Konsequenzen hat dat fir Lëtzebuerg?
13.12.2017
Tëscht Wien, Dijon, Bréissel a Paraäis: Wéi huet d’Herzogtum Lëtzebuerg sech tëscht dem réimesch-däitsche Räich a Frankräich entwéckelt? Firwat ass de Konzept vun enger Friemherrschaft fir déi Zäit falsch?
3.1.2018
Vun den Hexe bei d’Tréischterin: Firwat gouf et an a ronderëm Lëtzebuerg souvill Hexeverfolgungen? Wéi koum et zum intensive Mariekult? Watfereng Bedeitung hat den 30jährege Krich fir Lëtzebuerg?
17.1.2018
Vum Land bei de Staat a weider bei d’Natioun: Wéini ass Lëtzebuerg e selbstännegt Land ginn: 1815 – 1839 – 1867? Wéi eng Roll hunn auslännesch Muechte beim Entstoe vum Groussherzogtum gespillt? A wat hunn d’Awunner dozou gesot?
31.1.2018
Aus der Neutralitéit bei d’Dynastiekris: Wat war während dem 1. Weltkrich zu Lëtzebuerg lass? Firwat stong um Enn vum Krich d’Existenz vum Land nees um Spill?
7.2.2018
Upassung, Kollaboratioun oder Resistenz? Viru watferengen Erausfuederungen stongen d’Awunner vu Lëtzebuerg während dem 2. Weltkrich? Wéi hunn d’Autoritéiten, wéi di einfach Leit reagéiert?
21.2.1018
Vum Zollverein bis an d’Europäesch Unioun: Wéi eng Wichtegkeet hat di wirtschaftlech Entwécklung fir d’Bestoe vun engem eegestännege Lëtzebuerg? Wéi ass dee wirtschaftlechen Erfolleg z’erklären? Watfer demografesch Konsequenzen hat deen Erfolleg?
7.3.2018
Aus der Stolkris an d’Finanzparadis: Wéi huet Lëtzebuerger Wirtschaft sech nom Krich erholl? Firwat ass d’Stolindustrie zesummegebrach? Wéi ass den Opschwonk vun der Bankeplaz z’erklären?

Other dates

4 October 16h30
25 October 16h30
8 November 16h30
6 December 16h30
13 December 16h30
3 January 16h30
17 January 16h30
31 January 16h30
7 February 16h30
21 February 16h30
7 March 16h30

Duration

1h00

Facilitator

Prof. Dr. Michel Pauly

Price

free

Registration

Reservation required