Im Allgemeinen trägt die Geschichte dazu bei, die Erzählung eines Landes oder einer Stadt zu konstruieren und ihre Identität zu schaffen.

In Luxemburg bezieht man sich seit dem 19. Jahrhundert vor allem auf die mittelalterliche Vergangenheit und ihre großen Heldenfiguren: Johann der Blinde, Siegfried oder Ermesinde. In der Kunst oder Architektur, aber auch in Alltagsgegenständen finden sich zahlreiche Spiegelbilder dieser Figuren, die für ihre Tapferkeit, ihre Opferbereitschaft und ihren "Patriotismus" bewundert wurden. Diese Darstellungen halten sich bis heute und prägen unsere Wahrnehmung des Mittelalters. Das Lëtzebuerg City Museum lädt dazu ein, eine Auswahl entsprechender Objekte aus seinen Sammlungen zu entdecken: heroisierende Zeichnungen und Gemälde (u.a. von Michel Engels und Pierre Blanc), Plakate zur Tausendjahrfeier der Stadt Luxemburg im Jahr 1963, Figuren, Gedenkmedaillen und touristische Gadgets.

Die Ausstellung ist die erste der Reihe "The Luxembourg Story in focus", die bestimmte Themen, die in der Dauerausstellung des Lëtzebuerg City Museums präsent sind, vertiefen oder eine Ergänzung dazu bieten wird. Parallel dazu wird in Zusammenarbeit mit der Stadt Echternach im Trifolion eine Zwillingsausstellung über den Heiligen Willibrord organisiert, eine mittelalterliche Figur, die eng mit der Identität der Abteistadt verbunden ist. Die beiden Partnerinstitutionen bieten eine Reihe von Vorträgen, Workshops und Besichtigungen rund um das Thema an.

Programmgestaltung:

Vortrag: Willibrord und die Christianisierung Europas im Frühmittelalter
von Dr. Rainer Neu

Willibrord ist eine der großen Persönlichkeiten der frühen europäischen Geschichte. Wegweisend wirkte er in einer Zeit religions- und machtpolitischer Weichenstellungen. Doch was wissen wir über ihn? Welche religiösen Wurzeln prägten ihn, welche Motive machten ihm zum Missionar? Was ist geschichtlich verbürgt, was müssen wir als Legende betrachten? Der Referent wird auf der Grundlage seines neuen Buches über Willibrord das Leben dieses frühen Missionars und seine Wirksamkeit mit Lichtbildern und Berichten lebendig und verständlich werden lassen. Zudem wird die besondere Eigenart des Christentums erkennbar werden, das vom 8. Jahrhundert bis in die Gegenwart großen Teilen Westeuropas sein Gepräge gab.

Mardi 8 novembre à 19h00 (DE)
Lieu: Trifolion Echternach
Inscription obligatoire: T +352 72 92 22 25, info@stadtmarketing.lu

------------------------------------------------------------------

Visite avec animation théâtrale: Sigefroid et les origines de la Ville de Luxembourg

Découvrez l’histoire de la Ville de Luxembourg depuis ses origines jusqu’au 18e siècle ! Au cours de cette visite guidée, vous aurez l’honneur d’être accueillis par le légendaire comte Sigefroid qui construit son château fort sur le rocher du Bock. Pour vous raconter l’histoire et les légendes de « Lucilinburhuc », il vous montrera, entre autres, des documents historiques, des maquettes et des objets de la collection du musée. Venez découvrir l’histoire de Luxembourg en compagnie de Sigefroid, véritable comte médiéval !

Dates et langues: Samedi 12.11 (FR), Dimanche 27.11 (LU)
Lieu: Lëtzebuerg City Museum

------------------------------------------------------------------

Konferenz: Englänner, Lëtzebuerger, Europäer? Op den Spueren vum modernen Wilibrord-Bild
mam Dr. Michel Summer

Den Numm Willibrord ass haut zu Lëtzebuerg virun allem mat der Iechternacher Sprangpressessioun verbonnen. Säin Ruff als lëtzebuergeschen Nationalhellegen ass awer nëmmen eng vu villen Identitéiten, déi dem Willibrord am Laf vun den Joerhonnerten zougerechent gouf: englesche Missionar, iresche Pilger, “Apostel vun de Friesen”. De Virtrag ënnersicht d'Entwécklung vum modernen Willibrord-Bild tëschent dem 19. an dem 21. Joerhonnert an geet der Fro no, wéi een sech am modernen Europa - vun Irland bis op Iechternach - un d'Fréimëttelalter erënnert an erënnert huet.

Mercredi 16 novembre à 19h00 (LU)
Lieu: Trifolion Echternach
Inscription obligatoire: T +352 72 92 22 25, info@stadtmarketing.lu

------------------------------------------------------------------

Live-Sketching Session: “En ass et!”
mam Dr. Michel Summer

Mam Saz “En ass et!” huet de Staater Gemengerot Lucien Koenig, och “Siggy vu Lëtzebuerg” genannt, de Jang de Blannen 1946 identifizéiert, wéi dësem säi Graf kuerz viru senger Réckféierung op Lëtzebuerg, opgemaach gouf.Esou wéi de Lucien Koenig hu mir all méi oder wéineger konkret Virstellungen am Kapp, wéi een historesche Personnage soll ausgesinn hunn. Me wou kommen déi Virstellungen eigentlech hier? An ass dat Bild dat mir vum Sigfried, Jang de Blannen oder och dem Willibrord am Kapp hunn och tatsächlech historesch korrekt? An enger Live-Sketching Session, zesumme mam promovéierten Mëttelalterhistoriker a Cartoonist Michel Summer, kritt de Public d'Méiglechkeet ee Bild vun eisen Nationalhelden no sénge Virstellungen zeechnen ze loossen a bei der uschléissender Visite zesumme mam Curateur vun der Ausstellung dëst Bild kritesch ze hannerfroen.

Dates et Lieux:
Jeudi 17.11 à 18h00 au Lëtzebuerg City Museum (+352 4796 4500, visites@2musees.vdl.lu)
Jeudi 08.12 à 19h00 au Trifolion à Echternach (+352 72 92 22 25, info@stadtmarketing.lu)

------------------------------------------------------------------

Konferenz: Helde stiewe ni. De Jang de Blannen (†1346), Di al an di nei Helden
mam Dr. Michel Margue

Direkt no sengem Doud an der Schluecht vu Crécy gouf de Jang de Blannen vun den Herolden, den Dichter an de Chronisten als ee vun de “chevaliers preux” gefeiert, als Ritterheld par excellence. Am 19. Joerhonnert a bis nom 2. Weltkrich koum et am nationale Geescht zu enger zweeter Well vun “Heroïséirung”.

Haut, mam Krich an der Ukrain, ass d’Figur vum Held rëm aktuell, déi am postmodernen Zäitalter dekonstruéiert a begruewe gi war. Et mécht deemno Sënn, sech ze froen, wéi Heldefiguren an der Geschicht entstinn, a wéi engem Kontext, duerch wéi eng Medien an a weem sengem Interessi. Eis Konferenz probéiert, e puer Äntwerten op déi Froen ze ginn, andeems si d’Produktioun vum Held Jang de Blannen an den allgemengen Prozess vun der “Heroiséirung” setzt.

Jeudi 24 novembre à 18h00 (LU)
Lieu: Lëtzebuerg City Museum
Inscription obligatoire: T +352 4796 4500, visites@2musees.vdl.lu

------------------------------------------------------------------

Konferenz: d’Gräfin Ermesinde: Liberal, fromm, a national
mam Dr. Pit Peporté

D’Ermesinde ass haut déi bekanntste mëttelalterlech Herrscherin vu Lëtzebuerg. Si gouf dëst, nodeems Historiker si op déi ënnerschiddlechst Manéieren interpretéiert hunn: als Bréngerin vun der Fräiheet, als fromm kathoulesch Prinzessin an als wichteg Verbindung an der “Nationalgechicht”. All dës Interpretatiounen koumen 1936 zesummen, wéi d ‘Stad Iechternach den 700. Anniversaire vun der Iwwerreechung vum Fräiheetsbréif duerch d’ Gräfin Ermesinde geféiert hunn.

Mardi 29 novembre à 19h00 (LU)
Lieu: Trifolion Echternach
Inscription obligatoire: T +352 72 92 22 25, info@stadtmarketing.lu