Event date

14 February

Time

18h00

Language(s)

L

Vill Leit gi gären an de Musée an hunn eppes fir Konscht iwwreg. Dobäi ginn d’Goûten an d’Interpretatiounen oft wäit auserneen. Wat ass iwwerhaapt dat Schéint? Wat bréngt eis d’Konscht? A wat ass de Rôle vum Betruechter an der ganzer Saach? D’Nora Schleich wäert an d’Welt vun der philosophescher Ästhetik aféieren a probéieren, de Public mat an d’Gedankewelt vun de bekanntste Philosophen ze huelen. Jiddereen ass zum reflexive Spagat invitéiert fir een Ament abstrakten Theorië Raum ze loossen an dat Ästhetescht vun enger anerer Säit kennen ze léieren.

Programm:
13.12: Schiller: Die ästhetische Erziehung des Menschen, Kultur
17.01: Rosenkranz: Muss ästhetisch schön sein? Wohlgefallen am Hässlichen
14.02: Walter Benjamin: Die Aura des Kunstwerks

Facilitator

Nora Schleich

Price

Free