Date de l'événement

20 avril

Heure

18h00

Langue(s)

L

Heiansdo verléiere mer eis an der Musek, gi vum Stärenhimmel magesch ugezunn oder fillen eis vun deem bestëmmte Konschtwierk am Häerzen ugesprach. Wat huet et mat dësen a weideren ästheteschen Erfarungen op sech? Wéi verhält sech Konscht an eise Begrëff vum Schéinen am digitaliséierte Joerhonnert? An dëser Konferenz invitéiert d’Nora Schleich an d’Welt vun der philosophescher Ästhetik, an d’Denke vun alen a moderne Philosophen a mécht de Lien zu Konscht a Kënschtler, déi eis mat hirem Wierken en e wéineg aneren Zougang zur Welt bidden.

29.09.2022: Schéinheet, Wourecht an dat Absolut

Jidderee schéngt ze wësse wat gemengt ass, wann ee seet: «Dat ass awer schéin!»; mee, wat genee ass dann dat ominéist Schéint?
Schonn de Platon, am 5. Joerhonnert viru Christus, huet d’Fro nom Schéinen opgeworf – an och de Bäitrag vun der Konscht heibäi kritiséiert. An der Antik fänken d’Iwwerleeungen iwwert d’ „Schéisinn vum Schéinen“ schonn un. Wann de Platon vum Schéinen als Schäin vum absolut Wouere schwätzt, bedeit eng Begéinung mat deem Schäin eng Erënnerung un d’Wiese vun de Saachen. Den däitschen Dichter Friedrich Hölderlin knäppt un dës Iddi un; duerch d’Erfuere vun der Schéinheet gi mir op eist „wahrhaft“ Sinn verwisen. De Gustav Mahler, de Kandinsky, sinn heivun genee esou iwwerzeegt! Mee d’Konscht, sou de Platon, ass een Hindernis – si schaaft just Ofbiller vun engem Schäin a bréngt eis domat nach weider ewech vun der Wourecht. Datt den Aristoteles sengem Meeschter do widdersprécht, an datt den däitsche Philosoph G.W.F. Hegel hei eng gewote Bréck schléit, léisst eis der Relatioun tëscht dem Schéinen an der Wourecht, der Konscht an dem Absolutte méi no kommen.

19.10.2022: Konscht als Erliichterung

D’Welt ass Leiden oder Langweil, sou de pessimisteschen Däitsche Klassiker Arthur Schopenhauer. Seng Philosophie versicht d’Struktur vun eiser Welt, eisem Liewen opzeschlësselen a faasst zesummen, wat mer alldeeglech erfueren: Et ass ee stännegt Wëllen, Drängen, Kämpfen a Vernichten. Wéi eng Roll huet dat Schéint, huet d’Konscht heibäi? An der Konscht, besonnesch an der Musek, erfuere mer eng Paus vun all där Qual, eng Fräiheet, an där mir eis entfale kënnen. Déi verschidde Konschtforme weisen eis d’Tragedie vun dësem stännege Wëllen op ganz eege Manéieren, woubäi se eis an eng erliichterend Parallelwelt invitéieren. Mam Søren Kierkegaard a Friedrich Nietzsche schléisse mer un d’dramatesch Dimensioun vum Liewen un; gutt a schlecht, Loscht a Qual, alles ass géigesäiteg verbonnen an näischt ass fir d’Eiwegkeet. Och dat Schéint ka just entstoen, wann d’Leed iwwerweit. D’Konscht ass heibäi eis Rettung an, kontrastiv zum Schopenhauer sengem Pessimismus, en ausdréckleche Jo! zum Liewen. De Schönberg, de Beckett an de Munch, si all waren déif gepräägt vun dësen Denker.

24.11.2022: Kant, Kitsch a Coco Chanel

„Schönheit liegt im Auge des Betrachters“, sou geet ee bekanntent Spréchwuert. Datt deem sou ass – an awer och nees net, weess de berüümtste Vertrieder vum Däitsche Kritizismus, den Immanuel Kant, ze erklären. Zwar hänkt et ëmmer dovun of, wéi mir, als Betruechter, een Objet oder d’Natur wouerhuele fir ästhetesch ze kontempléieren. Allerdéngs geet et beim „reng Schéinen“ net ëm perséinlech Virléiften oder Interessen. Dësen Owend invitéiert am Kant seng Welt, an där d’Erliewe vum Schéinen eng Vermëttlung tëscht eisem organesche Sinn an eiser geeschteger Fräiheet duerstellt. Dëst Phänomen trëtt vill méi däitlech an enger nach méi intensiver Erfahrung op: An deem Moment, wou mer eis vun der Majestizitéit vun der Natur iwwermannt spieren – an dach gläichzäiteg bestäerkt. Ween huet sech net scho beim Betruechte vun enger gewalteger Biergkuliss wéi magesch ugezu gespuert?
Wann d’Ästhetik dann awer dach interesséiert, wann et ëm de banalen, jäizegen Objet oder de luxuriéisen Auto geet, dann entferne mer eis ganz wäit vum Kant sengem renge Wuelgefalen, a fannen eis an der Welt vu Kitsch a Coco Chanel erëm!

15.12.2022: Kultur an ästhetesch Bildung

„Der Mensch ist nur dann ganz Mensch, wenn er spielt.“
Haut den Owend interesséiere mer eis virun allem fir d’Roll vun der Konscht an der Kultur an der Entwécklung vum Mënsch, vum Individuum zur Persoun, zum mëndege Bierger an enger Gesellschaft. Mam Friedrich Schiller senger Iddi vun enger „ästhetescher Erzéiung“ soll dem Bild vum Mënsch, dee mat Instinkter, genee sou wéi mat Vernonft dohier kënnt, Rechnung gedroe ginn. Dee wichtegste Moment fir d’Vervollkommnung fënnt sech am Spill. Wann de Mënsch onbeschwéiert seng béid Säite gläichermoossen ausliewe kann, kann en zu deem ginn, deen e wierklech ass. De Schiller baut souguer seng sozio-politesch Iddi heirop op a weist, wéi den Zesummeschloss vu Fräiheet a Sënnlechkeet, Kreativitéit a Fantasie fir ee gerecht Matenee suerge kann. Bildung ass heibäi de Schlësselmoment, deen enk mat der Noutwendegkeet fir Kultur verbonnen ass. Mat Beispiller vu Gaudi a Beuys, oder och vum Lëtzebuerger Kënschtler Serge Ecker oder vum Khalid Qasim, deen a senger Guantanamo-Zell Konscht an d’Welt schéckt, genee sou wéi de Chinesesche regimmkritesche Kënschtler Badiucao, fanne mer eng jett Schafender, déi am kreative Spill hiert Sinn garantéieren.

26.01.2023: Ellenes an Ekleges, d’Ästhetik vum Béisen an den Horror

Muss ästhetesch ëmmer schéi sinn? Oder ass och de Reiz um Ellenen eng ästhetesch Erfarung? Net nëmmen Horrorfilmer ënnersträichen, datt dat Schrecklecht an Eekelegt eis gläichermoossen unzéie kann – mee wou kënnt des Affinitéit hier, a virun allem, wat ass dat eigentlech, dat Hässlecht? Dat Ellent trëtt, sou de Rosenkranz, an dräi Beräicher op: an der Natur, am Mënsch an an der Konscht. Mir wäerten eis mat dëse Forme beschäftegen, iwwer Verfall an Ideal schwätzen an och d’Relatioun zum Béisen an zum Haass mat an d’Spill bréngen. Eekel symboliséiert par konter oft een „ze vill“ an een „ze no“, a stellt ee Gefill duer, dat tatsächlech aus eisem Banneschten eraus fir en ästhetesche Moment suergt. Datt ënnert anerem faschistesch Regimmer d’ästhetesch Konnotatioun vun eppes Eekelegem notze fir hir Propaganda ze bedreiwen, ass ee vun den Héichpunkte vun der Inhumanitéit.
Mee och schonn an der Bibel huet dat Béist eng ganz eegen Ästhetik kritt, déi vum Narrativ gespeist a weidergedro gëtt. D’Horrorliteratur an mam exemplaresche Beispill och de Film Blair Witch Project, weess d’Abildungskraaft vum Lieser oder Spectateur meeschterhaft zu manipuléieren – wéi ass dat philosophesch opzeschlësselen?

23.02.2023: Dat Onduerstellbaart an d’Avantgarde

Déi grouss, faarfintensiv an awer abstrakt Biller vum Barnett Newman oder generell di avantgardistesch Konschtwierker – dës Wierker stellen eppes duer, wat net per se sënnlech oder materiell duerstellbar ass. D’Biller funktionéieren hei als Zeechen, Symboler, si verweisen op eppes, dat iwwert eis blouss sënnlech Welt eraus geet an initiéiere sou ee Kraaftakt fir eis Imaginatioun. Eis entwëscht eppes, mir kënnen et net gräifen oder verstoen, an awer triede mer Kontakt mat deem „Méi“, deem „Bonus“, dee sech am Bild oder an der Installatioun verstoppt. D’philosophescht Hannerfroe riicht sech heibäi ganz geziilt op dëst Phänomen: Wéi gëtt dësen Surplus an d’Konschtwierk geluecht? Wéi kann e vun eis verstane ginn? Wéi kann et sinn, datt d’Erliewe vun esou engem Wierk – ouni datt et kloer Uweisungen zum Verstoe gëtt – dach vu ville Leit op eng änlech Aart a Manéier opgeholl gëtt? De mysteriéise Layer vun abstrakter Konscht gëtt heibäi, genee sou wéi d’Potenzial vun eisem Ënnerbewosstsinn, däitlech an de Fokus gestallt. Mam Jean-François Lyotard begéine mer hei engem Philosoph, deen dat Onduerstellbaart, dat Onschreifbaart, zum Géigestand vu sengen Iwwerleeungen gemaach huet.

23.03.2023: Wéini ass e Konschtwierk e Konschtwierk?

Mam Walter Benjamin gouf de Begrëff vun der „Aura“ vum Konschtwierk bekannt. Et läit eppes ganz Besonnesches an engem Konschtwierk, fir dat et d’Opmierksamkeet vum Betruechter waakreg këddele kann. Scho vill méi fréi huet den J. G. Fichte sech awer scho Gedanken driwwer gemaach, wisou verschidde Wierker, zum Beispill verschidde Bicher, no deenen éischten 20 Säiten an den Eck geluecht ginn, an anerer een esou fesselen, datt een di ganz Nuecht dra liese muss. Och hei ass een änlecht Konzept am Spill, nierwt der Aura beschäftege eis de „Geescht“, deen an der Konscht iwwermëttelt gëtt. D’Roll vum Kënschtler ass a béide Fäll eng usprochsvoll: Et ass seng Roll, dem Betruechter eppes matzedeelen, seng Iddi dem Publique zougänglech ze maachen an dëst iwwert d’ästhetesch Kontemplatioun. Kënnen nëmmen Genien dat erreechen? A wéi ginn se dobäi vir? Ass et just de Geescht deen zielt, oder spillen d’Sënner an de Kierper, schaafend Hänn, eng änlech wichteg Roll? Den zäitgënessesche Philosoph John Dewey ass sech dogéint ganz sécher: Konscht ass virun allem Liewen, an elitär Muséeen verhënneren eng richteg Konschterfarung. Wéi mengt hien dat? A wéi verhält sech d’Fotokonscht dobäi? Mat de Lëtzebuerger Fotografen Jan Schwarz, Cristina Dias de Maghalães a Marc Wilwert begéine mer d’Foto als Konschtwierk

20.04.2024: A.I. an Digitalisatioun

Kënschtlech Intelligenz als Kënschtler? Ass een Algorithmus am selwechte Sënn schaafend wéi e Mënsch? D’Technologie huet gewalteg Entwécklungen duerchgemaach, an och d’kreatiivt Produzéieren ass heivun net ausgeschloss. Wou et bei der Musek nach wéineg iwwerrascht, sinn d’Biller, déi vu Kënschtlechen Intelligenze „gemoolt“ ginn, dann dach awer ganz eegen. Bréngt eng Maschinn ouni Gefiller, ouni Passé, ouni Bewosstsinn et fäerdeg, genee esou eng Attraktioun an d’Konscht eranzebréngen, wéi den Artist aus Fleesch a Blutt? D’Erwaardungen un d’Technik sinn hei immens héich – mee soll se weiderhin als digitale Medium funktionéieren oder tatsächlech als autonome Schöpfer? Kann d’mënschlecht Aen iwwerhaapt den Ënnerscheed maachen, tëscht enger maschinell-artifizieller an enger mënschlech-artistescher Konscht? Et ginn eng sëllege Beispiller an Aspekter an dëser Diskussioun fir rauszefannen, wéi sech d’ästhetesch Erfarung an dësem Kontext weist a wat Neuronal Netzwierker a K.I. Konscht iwwerhaapt leeschte kënnen.

Lieu : Auditorium Cercle Cité
3, rue Genistre (entrée Cité Bibliothèque)

Autres dates

15 décembre 18h00
26 janvier 18h00
23 février 18h00
23 mars 18h00

Durée

1:30

Intervenant

Nora Schleich

Prix

Gratuit

Inscription

T +352 4796 4500
visites@2musees.vdl.lu