
An der Ausstellung geet et ëm d’Lëtzebuerger Sprooch an d’Sproochen hei am Land. Mat Hëllef vun engem Rallye kann e méi jonke Public d’Ausstellung op eng spilleresch Aart a Weis kenne léieren. Et gi verschidde Froen iwwer
ë. a. d’Literatur op Lëtzebuergesch, d’Geschicht vum Lëtzebuergeschen an d’Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg an an der Welt gestallt, op déi d’Kanner eng Äntwert an der Ausstellung fannen.
D’Klasse kréie fir d’éischt vun engem Guide eng Visitt vun der Ausstellung . Dono kënnen si selbststänneg wärend enger Stonn de Rallye duerch d’Ausstellung maachen.
Public : 11 bis 12 Joer
Dauer : 90 Minutten
Oflaf :
Visitt: 30 Minutten
Rallye: 60 Minutten
Public : 12 bis 18 Joer
Dauer : 40 Minutten
Oflaf :
Visitt : 40 Minutten