D’Vereenegungsfräiheet gehéiert zu de Grondprinzippie vum demokratesche System. Mä ëm wat handelt et sech bei dëser Fräiheet genau a firwat ass se esou wichteg? Wouranner ënnerscheed si sech vun der Versammlungs- an der Koalitiounsfräiheet? Fir dës Froen ze beäntweren retracéiert dës Konferenz déi grouss Etappe vum Veräinswiesen zu Lëtzebuerg — vun der franséischer Revolutioun bis bei d’Gesetz iwwert d’ASBLen vum 21 Abrëll 1928. Et stellt sech eraus, dass sech déi rechtlech Unerkennung vun der Vereenegungsfräiheet duerch lues Fortschrëtt a vill Réckschléi kennzeechent an enk mat Entwécklungen am Ausland verbonnen ass.