Language(s)

EN / L

De Lëtzebuerg City Museum präsentéiert säi neiste Produit E staarkt Stéck Lëtzebuerg. Et handelt sech ëmeng interaktiv Kaart, déi wéi e Rallye duerch d’Stad funktionéiert!

Zéng ausgewielten Objete aus der Sammlung vum Musée sollen Iech op eng spilleresch Aart a Weis d’Geschicht vun der Stad méi no bréngen. Zu all Objet, kënnt Dir eng oder zwou Plazen an der Stad besichen an um Site estaarktsteck.lu fannt Dir dann e passende Video mat enger respektiver Geschicht!

Mir lueden Iech alleguer häerzlech an, mat Hëllef vun dëser interaktiver Kaart een Tour duerch de Stadzentrum ze maachen. Maacht Iech also mat Ärer Klass op de Wee a fannt eraus wat fir eng Bedeitung déi ausgewielte, staark Stécker – bis haut – fir d’Geschicht vun eiser Haaptstad hunn.

Dir kënnt och gären an de Lëtzebuerg City Museum eng Print-Versioun vun eiser Kaart siche kommen. An der analoger Kaart fannt Dir och en QR-Code, deen Dir scanne kënnt vir d'Videoe mobil op ärem Smartphone wärend dem Rallye kucke kënnt.

De Lëtzebuerg City Museum wënscht Iech  ganz vill Spaass op Ärer klenger Entdeckungsrees duerch d’Stad!

 

Zielgrupp: Enseignement fondamental an Enseignement secondaire