Event date

18 March

Time

18h00

Language(s)

LU

Max. participants

142

1123 gëtt fir d’éischt Kéier an der Geschicht vun eiser Géigend e „Grof vu Lëtzebuerg“ erwäänt. All seng Virgänger hate sech just „Grof“ genannt. D’Grofschaft Lëtzebuerg ass eng vu villen neie Grofschaften, déi ëm 1100 am Weste vum Réimesch-Däitsche Räich optauchen. Hir Nimm bestinn haut nach: Hainaut, Brabant, Namur, Lorraine, Léck ... a Lëtzebuerg als Staatsnumm.

D’Joren tëschent 1075 an 1125 sinn effektiv eng Zäit vu grousse Krisen am Däitsche Räich, mee och vu Wandel an Neierungen. Am Konflikt géint de Poopst fir d’Herrschaft iwwer Kierch a Welt verléiert de Keeser Muecht a Prestige a muss de Fürsten d’Initiativ fir Verhandlungen a Fridden iwwerloossen. D’Fürste behaapte sech géint d’Monarchie a bauen hir eegen Territorien op, andeems se hir Interessie verdeedegen. Sou entsteet eng Dynamik, déi bis haut nowierkt.

© ANLux, SHL-Abt01 n°18, Charte du comte Guillaume confirmant la fondation de l’abbaye de Münster, 1123

Duration

1:30

Facilitator

Michel Margue, Senior Professor, Université du Luxembourg

Price

Gratuit

Registration

Réservation obligatoire :
T +352 4796 4500
visites@2musees.vdl.lu