Language(s)

L

No dem 2. Weltkrich huet sech d’Schueberfouer ëmmer méi zu engem grousse populäre Fest entwéckelt. Et gouf verschidde Schaubude mat Zauberkënschtler, Boxkämpfer, ëmmer méi schnellen Attraktiounen, e Goldfësch ze gewannen a Fritten am Pabeiercornet. An dësem Workshop wëlle mir mat Hëllef vu Fotoen illustréiere wéi et an den 1960er Joren op der Schueberfouer war. Wéi eng Attraktiounen a Schaubude gouf et? Wat waren d‘Geräischer an d’Gerécher? Wat huet ee giess? Zesumme wëlle mer eis dorun erënneren an d’Ënnerscheeder zu haut diskutéieren. D’Participante kënnen och hir Erënnerungen zum Schluss ophuelen. Dëse Workshop gëtt organiséiert am Kader vun enger Dokteraarbecht iwwer d’Schueberfouer um C2DH op der Universitéit Lëtzebuerg.

Gesicht gëtt virun allem no Läit déi an den 1960er Joer d’Schueberfouer besicht hunn an hier Erënnerung wëllen deelen.

Wou? Salle pédagogique vum Lëtzebuerg City Museum

 

Price

Gratuit

Registration

T +352 4796 4500, visites@2musees.vdl.lu