Sprache(n)

L

D’Veräinswelt ass esou villfälteg ewéi d’Gesellschaft an där se sech manifestéiert. Mat der Zäit sinn esou vill Veräiner verschwonnen, dëst och a Beräicher an deenen hautzedaags kaum nach ee weess dat et do iwwerhaapt Veräiner goufen. Een esou ee Beispill ass de Bouneweger Fixfeieschkëschtenetiquettesammlerveräin!
Dësen huet 1963 an der Stad d’Ausstellung Interphil organiséiert. A senger Erëffnungsried huet den deemools opstriewende Politiker Gaston Thorn op di propagandistesch Kraaft vun de Fixfeieschkëschten higewisen. Am Budget vum Millénaire war deemno och ee grousse Posten fir dësen Zweck virgesinn. Bei der Ausstellung huet iwwerdeems den Eisebunner Jean-Pierre Pleimling eng Goldmedail souwéi zwee Pokaler gewonnen.

Lieu : Auditorium Henri Beck
2, rue Genistre

Leiter

André Linden

Preis

Kostenlos

Anmeldung

T +352 4796 4500,
visites@2musees.vdl.lu