D’Liesunge mat uschléissender kreativer Aktivitéit sinn op verschidden Altersgruppen zougeschnidden:
Tuffi-Junior (fir Kanner vu 4 bis 6 Joer) an Tuffi-Pro (vu 6 bis 10 Joer).
Sou ass fir jiddereen eppes dobäi. Freet iech op spannend Geschichten!
Samschdes 28.11
D’NORA WAGENER LIEST VIR
Wat hunn déi heite Saache gemeinsam? Een Hopsball, deen d’Haus op d’Kopp stellt. Een Hond, dee Kaffi geschluppt huet. Ee Bopa, dee matten am Wanter Wuppe grillt. En Trampolin, mat deem ee bis an den Himmel kënnt. Eng hongreg Bréifkëscht.
Wësst der et schonn? Rot emol... Eng Liesung natierlech!
D’Nora Wagener liest siwe kuerz Texter fir déi Kleng (an déi scho bësse méi grouss) vir.
Samschdes 12.12
WANTERGESCHICHTEN A BASTELATELIER
mam Claudine Furlano
Haut liest d’Claudine Furlano vun Zoom Editions eis Wantergeschichte vir mat Déieren déi an dëser kaler Joreszäit ënnerwee sinn. Dëst op eng theatralesch Aart a Weis mat Hëllef vum Kamishibai. A well d’Claudine Bicher immens gären huet, kennen d’Kanner zum Schluss och ee selwer gemaachte Bichelche mat Heem huele fir ze illustréieren!
Public : Vu 6 bis 10 Joer
Obligatoresch Umeldung an zousätzlech Informatiounen: www.citybiblio.lu
Rendez-vous am Lëtzebuerg City Museum
Anderes Datum
Dauer
1:00
Preis
GratisPartners
Lëtzebuerg City Bibliothèque





