Sprache(n)

F / L

Bis den 12. Abrëll weist de Lëtzebuerg City Museum a senger Dauerausstellung eng aussergewéinlech Vue vun der Stad a Festung Lëtzebuerg. Op dëser Zeechnung déi den éisträicheschen Offizéier Wenzel Callot 1753 realiséiert huet gesäit een och eng detailléiert Vue vum bekannte Mansfeldschlass. Dëst war zu senger Zäit eent vun de gréisste Renaissanceschlässer an Europa. Dës béid Konferenze weise wat dëst Schlass genau war a wéi wichteg déi nei entdeckten Zeechnung vum Wenzel Callot fir d’Verständnis vun der Baugeschicht vum Gebai ass.

Jean-Luc Mousset: Mansfeldschlass – Wat war dat? (LU)
D'Konferenz skizzéiert d'"Gesamtkunstwerk" Mansfeldschlass a Clausen a stellt dat an en internationalen Kontext.

Benoît Reiter: La vue Callot de Luxembourg (1753). Le chaînon manquant des représentations du château de Mansfeld (FR)
Wenzel Callot nous montre le château de Mansfeld et ses jardins dans leur état probable du milieu du 18e siècle. Le magnifique dessin de l'officier autrichien permet de mieux comprendre la lente agonie de l'ancien palais Renaissance du comte Pierre-Ernest de Mansfeld, 70 ans après les dégâts importants dus à la guerre de 1683/84 et 24 ans avant sa destruction finale en 1777.

Leiter

Jean-Luc Mousset, Benoît Reiter

Preis

Gratuit