10 Videoen fir d’Stad Lëtzebuerg unhand vun historeschen Objeten, Plazen an amusante Fakten z’entdecken!
D’Geschicht vun enger Stad léisst sech och unhand vun Objeten erzielen:
Géigestänn verschiddenster Aart, déi do produzéiert, kaf oder benotzt gi sinn. Vun deenen Objeten huet de Lëtzebuerg City Museum der Dausenden a senger Sammlung.
Zéng Sammlungsstécker sinn hei ausgewielt ginn: Si sinn d’Sujete vun der zéngdeeleger YouTube-Serie “E staarkt Stéck”.
An all Episod, entdeckt de liicht granzege Will, dank senge gewëtzte Kolleegen Mil an Edouard aus dem Musée, ee vun deenen Objeten a Plazen an der Stad, zu deene se ee Bezuch hunn.
Méi Infos ënnert: