Date de l'événement

6 juin

Heure

11h00

Langue(s)

DE / LU

Participants max.

30

Zesumme mam CID | Fraen an Gender an der Lëtzebuerg City Bibliothèque invitéiere mir dech an deng Famill op e kulinaresche Spadséiergang zum Theema Menstruatioun.

Eis Rees fänkt an der Kanner- a Jugendbibliothéik vum CID un, wou mir hir villfälteg Offeren entdecken, eng Geschicht lauschteren an d’Entrée genéissen.

Duerno gi mir an den Henri Beck Auditorium géintiwwer vun der Lëtzebuerg City Bibliothèque, wou mir een altersgerechten Dokumentarfilm iwwer d’Menstruatioun vun der Realisatrice Diana Fabianova kucken. Uschléissend gëtt den Haaptplat zerwéiert.

Zum Ofschloss vun eisem Tour besiche mir de Lëtzebuerg City Museum a ginn zesumme mat der Kënschtlerin Lisa Junius kreativ! An natierlech gëtt et um Enn en Dessert!

Public : Jugendlecher tëschent 11 an 13 Joer a Begleedung vun enger erwuessener Persoun

© CID - Fraen an Gender

Durée

11:00 - 14:00

Prix

Gratis

Inscription

Obligatoresch Reservatioun
Info@cid-fg.lu