Langue(s)

L

Participants max.

40

2024 ginn et 400 Joer, dass d’Muttergottesoktav entstan ass. Wat huet et mat deene Pilgerwochen, déi all Joer no Ouschteren Dausende vu Leit an d’Kathedral ruffen, op sech? D’Konferenz vum Georges Hellinghausen geet an op d’Entstehung vun der Oktav no der Opstellung vun der „Consolatrix Afflictorum“ um Glacis 1624. Wéi huet dee Ritual sech entwéckelt, wat sinn seng Fundamenter? Rieds geet iwwert déi zwou Erwielungen (Patréinesch vun der Stad 1666, vum Land 1678) an déi verschidden Héichpunkten am Ancien Régime bis zur Dekadenz no der Franséischer Revolutioun an dem Renouveau am 19. Jh. D’Entwécklung geet bis haut virun, mat ville Changementer am Laf vun der Zäit. Déi „national“ Komponent kënnt zur Sprooch grad esou wéi déi verschidde Bestanddeeler, déi eis Oktav esou tipesch maachen…

Lieu:
Auditoire Lëtzebuerg City Museum

Intervenant

Georges Hellinghausen

Prix

Gratuit

Inscription

T +352 4796 4500
visites@2musees.vdl.lu