Langue(s)

L

+++ Leider huet dësen Atelier haut am Lëtzebuerg City Museum mussen annuléiert ginn +++

Mam Saz “En ass et!” huet de Staater Gemengerot Lucien Koenig, och “Siggy vu Lëtzebuerg” genannt, de Jang de Blannen 1946 identifizéiert, wéi dësem säi Graf kuerz viru senger Réckféierung op Lëtzebuerg, opgemaach gouf.Esou wéi de Lucien Koenig hu mir all méi oder wéineger konkret Virstellungen am Kapp, wéi een historesche Personnage soll ausgesinn hunn. Me wou kommen déi Virstellungen eigentlech hier? An ass dat Bild dat mir vum Sigfried, Jang de Blannen oder och dem Willibrord am Kapp hunn och tatsächlech historesch korrekt? An enger Live-Sketching Session, zesumme mam promovéierten Mëttelalterhistoriker a Cartoonist Michel Summer, kritt de Public d'Méiglechkeet ee Bild vun eisen Nationalhelden no sénge Virstellungen zeechnen ze loossen a bei der uschléissender Visite zesumme mam Curateur vun der Ausstellung dëst Bild kritesch ze hannerfroen.

Dates et Lieux:
Jeudi 17.11 à 18h00 au Lëtzebuerg City Museum
Jeudi 08.12 à 19h00 au Trifolion à Echternach

Intervenant

Michel Summer

Prix

Gratuit

Inscription

Lëtzebuerg City Museum: +352 4796 4500, visites@2musees.vdl.lu
Trifolion Echternach: +352 72 92 22 25, info@stadtmarketing.lu