Schonn am 19. Joerhonnert hu jiddesch Männer um Veräinsliewen zu Lëtzebuerg deelgeholl, doniewt gouf et och reng jiddesch Hëllefsveräiner. Nom Éischte Weltkrich koume vill jiddesch Leit aus Osteuropa an de Westen. Och op Lëtzebuerg hunn si d’’Iddi vum Zionismus matbruecht, also vun enger jiddescher “Heimstatt” a Palästina. Et gouf scho virun 1933 zionistesch Veräiner, mä d’Juddeverfolgung duerch den nationalsozialistesche Regime an Däitschland huet der zionistescher Iddi Opwand ginn. Jiddesch Famillen, déi op Lëtzebuerg geflücht woren, wollte vun hei a Palästina auswanderen. Nei Veräiner sinn entstan, déi d’Auswanderung konkret organiséiert, awer och iwwer déi politesch Ausriichtung vum Zionismus diskutéiert hunn.

D’Zionistin Anitta Müller-Cohen (1890-1962) © Wikipedia
Lieu : Auditorium Cercle Cité
3, rue Genistre (entrée Cité Bibliothèque)
Prix
GratuitInscription
Inscription : T +352 4796 4500
visites@2musees.vdl.lu